1. neien Spiller fir d'nächst Saison
27 April 2019
Als 1. neie Spiller kënne mär am Summer den Rick Brito (lénks, nieft eisem Sportdirekter Petz Biergen) bei eis begréissen. De Rick ass Zentralverteideger, Joergang 2000 an e Spiller vum AS Hosingen. D'lescht Saison woar hien un den FF Norden 02 an dës Saison un den FC Wiltz 71 ausgeléint, wou hien reegelméisseg schonn an der 1. Ekipp zum Asaz komm ass. Hien huet fir een Joer bei eis ennerschriwwen mat enger Optioun op en 2. Joer.
Wëllkomm op der Grenz Rick!
#allezmaer