1 PUNKT GÉINT DE MEESCHTER


14 May 2023

Mär spillen um zweetleschte Spilldag 1-1 géint den FC Swift a wosste kämpferesch ze iwwerzeegen. Nodeem Hesper direkt no der Paus duerch e ganz diskutablen 11 m duerch de Philippe 1-0 vir komm ass a mär e vill méi kloëren op der Géigesäit net krut hunn, si mär an der Schlussphase emmer méi stoark ginn a koumen no engem Fräistouss a vill Gewulls an der 88.' zum 1-1 duerch eise Kapitän de Milos Todorovic. Mär hate souguer d'Chance op den 2-1, mee dat wier des Gudden villäicht ze vill gewiecht.
Mär hu gespillt mat Sommer, Lapierre (72. Dervisevic), Boury, Todorovic, Meireles, Klica, Soares, Larrière (81. Deidda), Deruffe, Mogni (72. Arenate), Seck
Nach op der Bänk soutzen Silvestre a Besch. 
Den Här Rodrigues huet bei eis Todorovic, Lapierre, Larrière a Soares verwarnt.
Zum Enn vun der Saison spille mär e Sonndeg géint Diddeleng.
Op der Foto gesi mär ënnert anerem d'Giedel an de Pätter vum Ball. 
Virum Match huet de Präsident dem FC Swift mat Blummen zum Championstitel gratuléiert.
#allezmaer