1 PUNKT GÉINT DE RACING


29 March 2023

Um 22. Spilldag trenne mär eis mat engem 1-1 vum Racing aus der Stad. Et war e komesche Match, an deem mär déi kloerste Goalchancen haten, mee wou mär awer och eng länger Zäit no der Paus grouss Problemer kannten, sou dass de Remis um Enn villäicht dach gerecht war. 662 Zuschauer waren op der Grenz.

Mär ware schonn no 8 Minutten duerch e Goal vum Soares vir komm. Virdru ware Larrière an Arenate um Ruffier hänke bliwwen. D'Freed war just vu kuerzer Dauer, well de Racing schnell no engem diskutabelen 11 m ausgeglach hunn. An der Suite setzt den  Deruffe nach an der 1. Hallschent e Kappball widdert d'Lat an de Seck huet zweemol säin 1 géint 1 géint de Racing-Goalkeeper verluer. Goaler sollte kéng méi falen.

Mär hu gespillt mat Sommer, Lapierre, Meireles, Todorovic, de Taddeo, Klica, Latic (61. Deidda), Larrière, Soares, Deruffe (61. Seck), Arenate

Nach op der Bänk sutze Silvestre, Boury an Dervisevic.

De Latic huet als eenzege vun eis eng Giel Koart krut.

Nächste Sonndeg geet et scho mam 23. Spilldag weider, wou mär um 16 Auer zu Stroosse spillen.

 #allezmaer