2 KOMMEN, 1 BLEIFT, 3 GINN

2 KOMMEN, 1 BLEIFT, 3 GINN

Eise Kader fir déi nei Saison hëllt no an no seng definitiv Formen unn. Haut kënne mär gleich 6 Personalie bekannt ginn.

- Nei op d'Jeunesse kommen den Achrad Drif an de Joao Teixeira. Allen zwee ware lescht Saison beim Swift Hesper. Den Achrad ass eng Band vun 31 Joer, déi hei am Land schonn zu Hueschtert, op der Fola an eben zu Hesper gespillt huet. De Joao huet 27 Joer an ass e polyvalente Mëttelfeldspiller. Ier en op Hesper komm ass huet en a Frankräich, Moldawien, Rumänien an an der Ukraine gespillt.

Bienvenue à la Jeunesse Achrad et Joao!

- Den Alexis Boury huet da sei Kontrakt op der Jeunesse verlängert a steet weider am Kader vun der 1. Equipe.

- De Veräin verloossen no 1 Joer wäerten den Demba Seck (Péiténg), de Luca Duriatti (Racing) an den Maxime de Taddeo (Veräin onbekannt). Hinnen alles Gutts fir d'Zukunft.

#allezmaer