213 GOALER SI GEFALL


19 June 2017

An de Gewënner ass ... d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. Während de 24 Stonne Fussball um Trainingskomplex an der Hiehl/am Ellergronn goufen am Total 213 Goaler geschoss. Merci all den Equippen, déi bei dëser Premiere derbäi waren.

De Scheck gëtt de Responsabelen vun der Fondatioun Mëtt August iwwerreecht, wann och all déi Donen erakomm sinn, déi de Weekend nach spontan zougesot hunn. Merci och hinnen, genee wéi all eisen anere Partner an natierlech och den Arbitteren, déi wéinst der gudder Saach op hier Entschiedegung verzicht hunn.

#allezmaer