3. VICTOIRE AM 4. MATCH


04 March 2023

Um Samschdegowend gewanne mär mat 2-1 beim FC Monnerech an hunn elo no 4 Matcher an der Réckronn 9 vu méiglechen 12 Punkte geholl.

An der Paus louche mär mat 1-0 duerch e Kappballgoal vum Demba Seck no enger Flank vum Almir Klica zanter der 35. Minutt vir.  Déi Féierung war absolut verdéngt, well schonn an der 33. hat de Manu Lapierre banne widdert de Potto geschoss, vu wou de Ball dem Keeper vu Monnerech an de Grapp gesprongen ass. Vu Monnerech war bis dohinner net vill ze gesinn.

No engem onnéidegen 11 m ass Monnerech awer direkt no der Paus zum 1-1 komm. Den Alex Arenate hat no ronn 70 Minutten den 2-1 um Fouss, ma et soll bis zur 86. Minutt daueren, ier den Almir Klica eisen zweete Goal geschoss huet, dëst no enger Aktioun iwwert den David Soares a Maxime Deruffe.

Ze bemierken nach, dass den Dylan Meireles zu senger Premier an der BGL Ligue an eise Foarwe komm. 

Mär hu gespillt mat: Sommer, Lapierre, Boury, Todorovic, Meireles, Klica, Latic, Soares, Arenate (94. Duriatti), Seck (78. Deruffe), Mogni (90. Deidda)

An engem Match, wou den Arbitter géint eis séier mat de Giele Koarten zur Hand war, sinn Meireles, Boury, Arenate an Deruffe verwarnt ginn.

Nächste Sonndeg spille mär op der Grenz géint Nidderkuer.

#allezmaer