BALL VUM MATCH AN TESTMATCH


04 February 2023

E Sonndeg, den 12. Februar geet fir eis zu Käerjeng d'Réckronn vum Championnat un. Bis Enn Mee stinn nach 15 Matcher um Programm, dovunner 8 doheem. Dat sinn am Februar Rouspert (19.2.), am Mäerz Progrès (12.3.) a Racing (29.3.), am Abrëll Péiteng (8.4.) an den Escher Derby (23.4.) an am Mee Mondorf (7.5.), Hesper (14.5.) an Diddeleng (21.5.).

Mär siche fir déi Heemmatcher nach een oder méi Pätteren oder Giedelen, fir de Ball vum Match. Ween interesséiert ass, fir e Ball ze stëften (an och unzestoussen), ka sech mat enger Email op info@jeunesse-esch.lu mellen. De Präis fir e Ball léit bei 150 Euro.

Da spille mär haut (4.2.) um Samschdegmëtten eise lëschten Testmatch virun der Réckronn an dat vu 16 Auer un um Terrain zu Stroossen. Mär wëllen awer och drop hiweisen, dass moar Sonndeg kee Match ass. Aneschter wéi a verschiddene Medie geschriwwe steet.

Mär gesinn eis!

#allezmaer