Challenge Daniel Ferrassini

Foto vun www.fc-mondercange.lu



23 July 2016

Et woar e ganz emotionellen Owend deen déi gutt 500 Leit déi de Wee op Monnerech fonnt hunn erlieft hunn. De Jacques Muller hat fir den Challenge Daniel Ferrassini zwee Matcher organiséiert. Den Ufank huet e Match zwëschen deenen alen „Gloiren“ vum FC Monnerech an der Jeunesse gemaach. De Match goung mat engem 3:2 fir Jeunesse op en Enn.



Goaler hu geschoss: 0:1 Piron, 0:2 Stocklosa, 0:3 Piron, 1:3 Jakoby op penalty, 2:3 Minault



Hei Opstellung vun deenen zwou Equippen:



Anciens vum FC Mondercange: Gilles Kiecke, Roby Barrellini, Charly Fogel, Laurent Nigra, Sauro Marinelli, Tun Sorcinelli, Dan Sannipoli, Eric Braun, Petz Romitelli, Michel Hames, Gilles Jakoby, Hervé Minault, Olivier Ciancanelli, Stéphane Pasqualetto, Dinis De Sousa, Pino Flinto, Tun Consiglo



Anciens vun der Jeunesse Esch: Gary Schmitz, Laurent Pellegrino, Stéphane Piron, André Zwally, Dan Theis, Kevin Martin, Denis Mogenot, Denis Scuto, Danilo Ontano, Dan Colette, Claudio Lombardelli, Damien Stocklosa, Almin Babacic, Pierre Hoscheid, Alain Lucciarini, Marc Lomborelle begleet vun hirem Trainer dem Alex Pecqueur.



Duerno woar et den Haaptmatch vum Owend wou Fanion´s Equippen vun deenen 2 Veräiner géint eneen gespillt hunn. Jeunesse wennt dee Match mat 1:0 duerch e Goal vum Patrick Stumpf.



Direkt nom Match gouf Coupe iwwerreecht. Eise Kapitän, de Marc Oberweis huet Coupe direkt wieder ginn un Elteren vum Daniel déi des mat Begeeschterung entgéint geholl hunn.



Duerno goung et weider am Vip Zelt wou een Méiglechkeet hat mat der Famill vum Daniel déi bescht Momenter vun senger Fussballcarrière an wonnerschéin Privatbiller vun dem groussaartegen Mënsch deen hien woar ze gesinn.



Merci Jacques fir´d Organisatioun vun deem schéinen Owend.



Méi Detailer a Photoen fannt där um Site vum FC Monnerech:



http://www.fcmondercange.lu/fcm/?main=1