Championnat, 13e journee


30 November 2015

E Sonndeg hu mer et verpasst fir "Big points" ze sammelen an d'Hironn eleng ob der drëtter Plaz ofzeschléissen. Um Cents ass et géint RM Hamm Benfica en 2:2 ginn, nodeem mär schonn 2-0 vir waren. An der 1. Halschent, wou d'Jeunesse taktesch ganz geschéckt gespillt huet, hunn de Ken Corral an de Momar N'Diaye d'Goaler geschoss an et war souguer Plaz fir en 3 Goal, mee d'Spiller aus Hamm haten de Poteau ob hirer Säit. An der 2. Halschent huet RMHB awer ëmmer méi gedréckt an huet an der 70 ob 1-2 verkierzt. Mär hunn eis Konterchancen schlecht gespillt, sou datt Hamm bis zum Schluss dru gleewe konnt an och an der 93.' den 2-2 geschoss huet. Ze bemierken nach, datt de Bryan Mélisse mat Giel-Rout huet misse méi frei an d'Vestiairen goen.



D'Rechter vun der Foto leie beim Fabrizio Munisso.