Championnat, 18e journéee


20 March 2016

E REMIS AM DERBY

Am Escher Derby ass et 1-1 ausgaangen. E Resultat, wat ënnert dem Stréch an d'Rei geet. Well wann d'Fola virun der Paus déi besser Equipe war, sou huet d'Jeunesse an der 2. Halschent de Match dominéiert an hatt um Enn nach zwou ganz gutt Chancen, fir déi 3 Punkten ob der Grenz ze halen. Den Trainer Carlo Weis huet direkt missen ob dräi Spiller verzichten: Adrien Portier a Milos Todorovic ware blesséiert an den David Soares gespaart, sou datt de jonke Brandon Soares Rosa déi éischte Kéier vun Ufank u spille konnt. No 20 Minutten huet den Dallevedove bal déi éischt Chance fir d'Gäscht zum 0-1 ausgenotzt. Duerno houng den 0-2 e puer Mol an der Loft, mee en ass net gefall. No der Paus hat den Trainer vill changéiert, ënnert anerem den Andrea Deidda erabruecht. Hien war och den Ausgangspunkt vum 1-1, deen de Momar N'Diaye no enger Pass vum Bryan Mélisse eragesat huet. En Ausgläich, deen iwwerfälleg war, well d'Jeunesse war an der 2. Halschent déi besser Equipe. Den Andrea Deidda hat nach déi ganz grouss Chance zur Victoire, mee séin Ball ass knapps laanscht de Goal gaangen.



D'Fotoen ass vum Fernand Konnen.



Jeunesse Esch - C.S. Fola 1 - 1 (0-1)



Buts: 0-1 (20'), 1-1 (75' N'Dyaie)



1.289 spectateurs