Championnat, 19e journée


03 April 2016

KLOER DEFAITE GÉINT DÉIFFERDENG

Mat 0-3 verléiert d'Jeunesse um freie Sonndegowend zu Uewerkuer géint den FC Déifferdeng 03. Eng Defaite, déi an d'Rei geet, Jeunesse hat kee gudden Dag erwëscht. Et hätt eventuell kennen aneschter ausgoen, wann de Momar N'Diaye eng vu sengen zwou éischte Chancë genotzt hätt, mee den Déifferdenger Keeper hat opgepasst. Duerno ass Déifferdeng ëmmer méi staark ginn an huet logescherweis den 1-0 duerch den Er Rafik geschoss. No der Paus huet d'Jeunesse probéiert, mee Déifferdeng huet séier nach weider Goaler geschoss. Nach emol duerch den Er Rafik an de Bastos. Zweemol huet d'Defense net immens gutt ausgesinn. D'Jeunesse hat just nach eng Chance duerch den Hugo Fernandes fir ob 1-2 ze verkierzen, mee do huet den Déifferdenger Keeper erëm opgepasst gehat.

Copyright Fotoën: Fabrizio Munisso