Championnat, 20e journée
10 April 2016
ENG NIDDERLAG, DÉI WEI DEET
An der Course em déi 4. Tabelleplaz, déi um Enn vun der Saison nach kann europäesch sinn, huet d'Jeunesse um Sonndeg doheem géint Mondorf eng batter Nidderlag missen astiechen. No enger éischter Halschent, wou d'Jeunesse Chef um Terrain war an et just offensiv nach net perfekt geklappt huet, huet een no der Paus net méi vill vun där Dominanz erëm gesinn. Mondorf, déi déif stoungen an ob hier Konterchancen gewaart hunn, sinn esou an der 69. Minutt duerch de Yao mat 1-0 vir komm. Kuerz drop huet de Pjanic ob 2-0 gesat. Vun de Jeunesse-Spiller huet e kaum eng Reaktioun gesinn a se ware weider no vir vill ze vill harmlos.
Copyright Foto: Fabrizio Munisso