Championnat, 24e journée


08 May 2016

JEUNESSE 5 - RFCUL 0!

Um Sonndeg ass et eng ganz däitlech 5-0-Victoire vun der Jeunesse géint de Stater RFCUL ginn. No enger méi ausgeglachener Ufanksphase huet de Momar N'Diaye no enger Véirelstonn zougestoen, wou en eng Pass vum BryanMélisse am Noschoss zum 1-0 eragesat huet. Den Duo Mélisse an N'Diaye war och bei den nächste Goaler entscheedend mat engagéiert. De Mélisse als Zouspiller, den N'Diaye ass Finisseur. Zur Pause stoung et 3-0. An den zweeten 45 Minutten huet d'Jeunesse nach zwee weider Goaler geschoss. Duerch den N'Diaye an den Sardarian. Eng Victoire, déi och an der Héicht an d'Rei geet. D'Jeunesse hat nach weider ganz gutt Chancen, den RFCUL huet an deenen ganzen 90 Minutten just eng Goalchance opzeweise gehaalt.

Den nächsten Heemmatch ass schonn dëse Freideg géint den RM Hamm Benfica, deen haut däitlech mat 4-0 géint Stroossen gewonne huet.