Championnat,8e journéee


27 September 2015

US Mondorf - Jeunesse Esch 1 - 2 (0-1)

Goaler: 24´(1-0 Pjanic), 58´ (1-1, N´Dyaie), 90+2´(1-2, Mutuale, csc)





D'Jeunesse gewënnt mat 2:1 zu Mondorf an hellt domadder Revanche fir d'Defaite an der leschter Saison am Stade John Grün. Opgrond vun de Spillundeeler an de Goalchancë war d'Victoire méi wei verdéngt, allerdings huet et bis an d'Nospillzäit gedauert, bis den 2. Goal gefall ass. Eis Jongen hätten sech d'Liewen net missen sou schwéier maachen, wann se hier ganz gutt Chancë méi frei era gemaach hätten. De Corral an der 1. an den Sardaryan an der 2. Halschent haten déi beschten. Sou huet ee fir d'éischt mussen engem 0:1-Réckstand nolafen (duerch de Pjanic). No ronn enger Stonn huet den N'Diaye no engem Corner zum 1:1 era gekäppt. An no engem laange Ball no vir vum Eric Hoffmann huet de Mutuale, dee vum Corral bedrängt ginn ass, an der 92.' an den eegene Goal gekäppt.