CHRËSCHTDAGSKADO GEFÄLLEG?


02 December 2015

Vun en Donneschdeg, dem 3. Dezember un, kënnt där Fanartikele vun der Jeunesse net just bei den Heemmatcher um Stand vum Supporterclub ob der Grenz kafen, mee och bei eisem Partner, dem Hotel Stand'Inn zu Féiz. Den Hotel ass 7 Deeg ob 7 an der Woch ob an dat och owes. Parkplaze fannt dir direkt virun der Dir. Eng ideal Geleeënheet och, wann der nach ob der Sich no engem Chrëschtdagskado sidd. Mee net just fir dann. Des Offer bleift och iwwert Chrëschtdag eraus bestoen. Merci eisem Supporter Club an der Direktioun vum Hotel Stand'Inn fir dës flott Zesummenaarbecht.