COMMUNIQUÉ ZUM ESCHER DERBY


17 September 2019

De Comité vun der Jeunesse d'Esch distanzéiert sech an aller Form vun deem bedauerlechen Virfall, zu dem et e Sonndeg nom Schlusspëff komm ass. Esou Aktioune wëll kee gesinn.
Futtball schaaft Emotiounen. Futtball soll awer och Wäerter vermëttelen. Een dovunner ass de géigesäitege Respekt. Mär veruerteelen als Jeunesse all Form vu Gewalt op an nieft dem Terrain.
De Comité schwätzt am Numm vum ganze Veräin, wann e sech ausdrécklech bei jidderengem entschëllegt, deen e Sonndeg duerch oniwwerluechten Aktiounen vun Drëtten an eng mësslech Laach komm ass.
Mär soen awer och eise Veräinsoffiziellen an eise Security-Léit Merci, dass si direkt op der Plaz waren an agegraff hunn. Mat hinnen zesumme maache mir eis Bescht, dass et an Zukunft net méi zu esou Zeene kënnt.
#allezmaer