D‘EINTRACHT OP BESUCH


03 July 2021

Den Mëtten um 15h30 spillen eis Jongen um Trainingskomplex an der Hiehl géint den SV Eintracht Trier 05. Et ass deen éischten Match vun der neier Saison.
 
Fir dësen Match sinn 300 Zuschauer ënnert dem Régime vum CovidCheck (Genesen, Getest, Geimpft = 3G) zougelooss. Bréngt w.ë.g déi néidëg Noweiser mam QR-Code mat. Eng kleng Unzuël un Schnelltester ass an der Entrée disponibel. Déi éischt sinn vir, an wann den Maximum un Zuschauer erreecht ass, mussen mär zoumaan.
 
D‘Entrée ass beim Gebai vun den Vestiairen, déi mär ons mam Fechtveräin deelen.
 
Bis den Mëtten!
 
#theempirestrikesback
#allezmaer
#asaatz
#aufgalopp