D'EQUIPE VUN DE FRÉIERE JEUNESSE-SPILLER FIR D'24 STONNE STEET

Foto vun Fernand Konnen



27 March 2017

Ee vun den Héichpunkte op de 24 Stonne Fussball, déi de 17. an 18. Juni 2017 um Trainingskomplex fir d'FONDATIOUN KRIIBSKRANK KANNER gespillt gëtt, ass sonndes um 16 Auer de Match tëschent de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller an enger Selektioun vu fréiere Spiller vun der Jeunesse.

Elo sinn d'Nimm vun deene Spiller bekannt, déi déi schwoarz-wäiss Faarwen wäerte vertrieden:

Christian Hoffmann, Laurent Nigra, Jacques Muller, Alain Lucciarini, Marc Lamborellle, Philippe Dillmann, Denis Scuto, Carlo Pace, Patrick Romitellli, Vito Marchione, Claude Ganser, André Zwally, Dinis de Sousa, Ernad Sabotic, Sauro Marinelli, den U21-Nationaltrainer Manuel Cardoni (Foto: Fernand Konnen) an eisen aktuelle Coach de Marc Thomé. Gecoacht gëtt d'Equipe vum Jemp Barboni.

Net matspillen, mee d'Equipe encouragéieren kommen de Claude Meylender, de Roland Schaack an de Gordon Braun.

Loosst iech dee Spektakel net entgoen.

#allezmaer