D'JEUNESSE BEGRÉISST DE MARC THOMÉ OP DER GRENZ


07 March 2017

Den CA vun der AS La Jeunesse d'Esch freet sech fir de Marc Thomé als neien Trainer op der Grenz begréissen ze kënnen. De Marc huet um Dënschdegowend e Kontrakt bis Enn vun der Saison 2018/19 ënnerschriwwen. De Marc war vu 1989 bis 1992 Spiller op der Jeunesse a war während senger Trainerkarriere beim CS Uewerkuer, Rëmeleng, Gréiwemaacher an Déifferdeng aktiv.

Co-Trainer gëtt den Denis Pfeiffer. De Gilles Krecké bleift Trainer vun de Goalkeeperen.

Mir wënschen dem Marc vill Succès a Satisfaktioun op der Grenz.

#allezmaer