DE BILAN VUN DER HIRONN (2/2)


16 December 2022

23 Spiller, dorënner zwee Goalkeeperen, hu mär an de 15 Matcher vun der Hironn agesat. Dat sinn der vill. Zwee Spiller stoungen an all de 15 Matcher um Terrain, an zwar den Adrien Kack an den Dennis Besch. Den Adrien huet esou guer kéng eenzeg Minutt gefeelt, den Dennis gouf am lëschte Match vun der Hironn ausgewiesselt.
A 14 Matcher zum Asaz komm sinn de Kevin Sommer an de Milos Todorovic, déi en plus jeeweils eng Kéier méi frei hu misse vum Terrain goen.
Déi 19 Goaler, déi mär geschoss hunn, ginn op de Kont vu 7 verschiddene Léit: 7x huet den Alexis Larrière getraff (dorënner 2 Ellefmeeteren), 4x den Demba Seck, 3x de Milos Todorovic, 2x de Luca Duriatti an 1 Goal hunn den Amir Klica an de Irvin Latic geschoss. Derbäi koum nach e Selbstgoal. Zwee weider 11 m hu mir leider net eragesat. Eng Reussite vu 50% vum 11m Punkt kann nach besser ginn.
Bal en Drëttel vun all eise Goaler hu mär an engem eenzege Match geschoss, géint d'Etzella.
3x huet e Spiller vun eis misse mat enger giel-rouder Kaart méi frei vum Terrain goen, fir d'lëscht zum Ofschloss vun der Hironn. Auswierkungen op den Ausgang vun de Matcher haten dës Koarten awer net.
Mat jeeweils 6 giele Koarte sinn den Alexis Boury an de Maxime De Taddéo am mannste frou mat den Arbitteren. Insgesamt 14 Spiller si scho verwarnt ginn.
Wa mer 0-1 hanne komm sinn, dann hu mer all Match verluer - mat Ausnam vum Escher Derby!
Eis Goaler hu mer scho verdeelt iwwert de ganze Match geschoss; jeeweils 4 an der éischter Véierelsstonn, an der Véierelsstonn virun der Paus an tëschent der 61. a 75. Minutt.