DE BILAN VUN DER RÉCKRONN (1/2)


22 May 2023

Um Enn vun der Saison an no 30 Matcher sti mär op der 7. Plaz an der Tabell mat 43 Punkten an engem quasi ausgeglachene Bilan vun 12 Victoiren, 7 Gläichspiller an 11 Defaiten. Stellt een e Verglach mat der Hironn an de 15 éischte Matcher op, mierkt een, dass mär an der 2. Hallschent vun der Saison 24 Punkte geholl hunn (vis-à-vis der 19 am 1. Tour). Also e plus vu 5 Punkten.
Mär halen déi 15 Matcher vun der Réckronn op mat engem Bilan vu 7 Victoiren, 3 Gläichspiller a 5 Defaiten. Platz 7 hate mer och schonn no der Hironn. Deemools louche mer „just“ 10 Punkten hannert der Equipe op Plaz 3, um Enn vun der Saison ass déi Differenz op 24 geklommen.
Eist Golverhältnis, wat am Wanter mat 19:19 Goaler ausgeglach war, ass mat 44:39 positiv ginn. Mär hunn um Enn vun der Saison déi 5. beschte Verdeedegung (dat ass liicht manner gutt), mee just déi 9. Attack (dat ass e bësse besser ginn).
Interessant nach ze wëssen, dass mär doheem déi 5. beschten Equip sinn (26 Punkte geholl), mee auswäerts just op Plaz 9 kommen.
An den nächsten Deeg kucke mär déi individuell Statistiken.
Foto ass vum Albert Krier