DE BILAN VUN DER RÉCKRONN (2/2)


24 May 2023

Mär hunn dës Saison am Total 25 Spiller agesat, dat sinn der 2 méi wéi nach an der Hironn alléng. Kee Spiller huet déi 30 Matcher gemaach, an der Hironn stoungen den Adrien Kack an den Dennis Besch nach all Match um Terrain.

Eisen Top 5 vun der Saison: Milos Todorovic 28 Matcher (2505 Spillminuten), Kevin Sommer (2330), David Soares (1965) an Alexis Larrière (1808), jeeweils 26 Matcher, an den Dennis Besch 25 Matcher (2072).

Eis beschte Goalgetter waren den Alexis Larrière an den Demba Seck mat jeeweils 7 Goaler. De Larrière hat séng Goaler all an der Hironn geschoss, de Seck huet an der Réckronn 3x getraff. Eise beschte Mann an der Réckronn war awer den Alexandre Arénate, deen erréischt am Wanter komm ass an a 15 Matcher 6x getraff huet. Duerno kommen de Milos Todorovic an den Ahmed Mogni mat je 4 Goaler, woubäi och de Mogni erréischt am Wanter komm ass.

De Maxime De Taddeo huet 10 Giel Koarte krut an 22 Matcher, dovunner awer just 4 an der Réckronn. Den Alexis Boury krut der 9 an 20 Matcher, ma just 3 an der Réckronn. Mat je 7 Koarten aus 26 Matcher kommen duerno den Alexis Larrière an den David Soares.

An der Réckronn krute mer just 3 11 m; zwee dovunner huet den Ahmed Mogni eragesat. Iwwert d'Saison gekuckt hu mär just 4 vu 7 11 m verwandelt.

Foto: Albert Krier

#allezmaer