DE NEIE MEESCHTER OP BESUCH


13 May 2023

Um zweetlëschte Match vun der Saison kënne mär um Sonndeg de frësch gebakene Landesmeeschter Swift Hesper bei eis op der Grenz begréissen. Hesper huet de lëschte Weekend den Titel perfekt gemaach an huet mat 75 Punkten aktuell e Virsprong vun 9 op den Zweetklasséierten. Mär kommen aktuell op 39 Punkten an dat seet genuch driwwer aus, wéi schwéier d'Aufgab um Sonndeg gëtt. Schwéier, mee net onméiglech, well mir hunn e puer vun eise beschte Matcher géint d'Equippen aus dem Top vum Klassement gemaach.

De Ball vum Match gëtt engersäits vum Escher Député-Maire Georges Mischo gestëft an anerersäits vun der Madamm Nancy Kemp-Arendt, och Deputéiert, an zweefach Olympionikion, am Schwammen an am Triathlon. Hinnen zwee en décke Merci!

Arbitréiert gëtt de Match vum Här Sergio Rodrigues. Op der Linn ass den Här Tom Hansen an d'Madamm Shania Vakil.

#allezmaer