DÉI 4. PLAZ ASS SÉCHER


14 May 2016

Dat Wichtegst direkt am Ufank: E Spilldag viru Schluss huet sech d'Jeunesse déi 4. Plaz an der Tabelle vun der BGL Ligue definitiv geséchert. Am leschten Heemmatch vun der Saison sinn et géint den RM Hamm Benfica Goaler en Masse ginn: 6-4 stoung et herno fir eis Faarwen. Dobäi hat de Match guer net gutt ugefangen, well mär séier 0-1 an 1-2 hanne waren. Mee d'Equipe huet Moral gewisen an de Match nach virun der Paus gedréint. Aus engem 1-2 war no 45 Minutten e 4-2 ginn. Dat duerch 4 Goaler vum Momar N'Diaye eleng! Wou nom Säitewiessel d'Resultat no engem Selbstgoal an engem weideren Goal duerch de Bryan Mélisse souguer ob 6-2 geklommen ass, huet alles no enger däitlecher Victoire ausgesinn. Mee de Patrick Stumpf, deen déi nächst Saison ob der Jeunesse spillt, huet et mat zwee Goaler nach emol e bësse spannend gemaach. An de Schlussminutten hunn déi zwou Equipen weider resolut no vir gespillt. E Goal sollt awer net méi falen. Well Stroossen an Nidderkuer just gläich gespillt hunn, bleift d'Jeunesse 4. an der Tabelle (eng Plaz besser wéi lescht Saison), egal wéi de leschte Match zu Nidderkuer ausgeet. A wann Diddeleng d'Coupe de Luxembourg gewënnt, spille mer nächst Saison an der Europa League.



De Ball vum Match war gestëft ginn vum Här Urbain Tholl. Mir soen him villmools Merci!



Gamesheet : http://www.jeunesse-esch.lu/index.php?site=page&id=results&action=detail&sceneID=5079