Déi kléng Fan-Chronik: E gesond Gerüst

Déi kléng Fan-Chronik: E gesond Gerüst

Hiweis: Des folgend Fan-Chronik ass vun eisem jorelaange Supporter Laurent Schüssler geschriwwen, an spigelt dohier seng an net vum aktuellen Comité seng Meenung.

Den Ament, wou dës Chronik geschriwwe gëtt, ass d’Virbereedung op déi nei Saison quasi eriwwer an et bléiwt just nach eng knapp Woch bis zum Optakt vum Championnat. D‘Testmatcher goufen all gespillt (3 Victoiren, 2 Gläichspiller, 3 Défaiten), sou dass et de perfekten Ament ass fir op dat ze kucken, wat zanter dem Enn vun der leschter Saison geschitt ass. An do muss ee festhalen, dass scho vill Positives erreecht ginn ass. Ugefaange beim Kader.

Et gëtt eng al Fussballreegel, déi seet, du solls all Saison déi Kader zu 25 bis 30 Prozent austauschen. Fir eng nei Dynamik eranzekréien. D’Jeunesse war an deem Punkt an de leschte Jore meeschtens e bëssen iwweräifreg (oppassen Ironie!) an ass do op en Taux vun däitlech iwwer 50 Prozent komm. Dat ass natierlech vill an doduerch huet all Trainer quasi erëm vir mussen ufänke fir eng Equipe opzebauen. A wäertvoll Zäit ass esou verluer gaangen.

Dat ass dës Kéier aneschter an dat ass och gutt esou. Wou de Präsident Marc Theisen beim Season Closing sot, dass de ganze groussen Deel vun de Spiller géif bléiwen, konnt een nach skeptesch sinn. Haut muss een awer soen, dass hie richteg louch: Aktuell si just sechs Spiller fort gaangen (dorënner keen absolutte Stammspiller), a si goufen duerch sechs neier ersat, vun deene mat Sécherheet den Toni Luisi eng absolut Verstäerkung par Rapport zur leschter Saison duerstellt. Villäicht anerer och. Dat ass eng Quote vu just ronn 25 Prozent a virbildlech!

Wann een e séiere Bléck iwwert d’Transferte geheit, fält engem e gewëssent Ongläichgewiicht op: Et si vill Defensivspiller fortgaangen, an et sinn op der Géigesäit vill Offensiver bäikomm. Menger Meenung no géif e weideren zentralen Ofwierspiller dem Kader gutt doen. Mat 30 Matcher am Championnat an hoffentlech nach dem engem oder aneren an der Coupe ass et eng laang Saison an deem ee leider och mol mat Blessuren a Spären an domadder deem engem oder aneren Ausfall muss auskommen.

Egal wei ass et dem Trainer Marc Thomé seng Aufgab, dat Bescht aus deene Spiller ze zéien, déi en elo huet. Hien huet de grousse Virdeel, dass en dobäi op d‘Majoritéit vun de Spiller opbaue kann, déi d’lëscht Saison un der „Remontada“ bedeelegt waren, déi si vun enger Ofstigsplaz (nom 8. Spilldag) bis op déi 7. um Enn vun der Saison no vir bruecht huet. Dat huet vill Confiance mat sech gezunn a mat Spiller, déi sech hirer Stäerkte bewosst sinn, ass méi liicht ze schaffen.

Wéi een an den Testmatcher erkenne konnt, well den Trainer och op d’Automatismen aus der leschter Saison baue – virun allem an der Defensive. Dat kann an den éischte Championnatsmatcher tatsächlech vu Virdeel sinn, wann aner Equippen, déi méi e groussen Ombroch kannt hunn, sech villäicht nach sichen. Op et um Enn vun der Saison awer duergeet fir besser ofzeschneide wéi lescht Saison – dat heescht an der Schlusstabell op mannst op Plaz 6 ze stoe – ass alles anescht wéi sécher. Hesper, an duerno Nidderkuer an Déifferdeng mat hire quasi Profikaderen, schéngen an enger eegener Liga ze spillen. Diddeleng a Péiteng hunn och ganz staark Equippen. An do hannendrun streide vill Equipe em déi 6. Plaz. Mat dem besseren Enn fir eis Jeunesse? Et wier ze hoffen. Mee dofir muss ganz vill klappen.