DEN N'DIAYE KËNNT ZERÉCK OP D'GRENZ - A MAT HIM ZWEE WEIDER SPILLER
07 June 2017
Um Dënschdegowend hunn d'Jeunesse an d'Spiller Momar N'Diaye, Grégory Adler a Romain Ney en Accord fonnt, fir dass si allen dräi déi nächst Saison op der Grenz spillen.
Fir den N'Diaye ass et no enger Saison zu Diddeleng e Retour op déi Plaz, wou e fir d'éischt hei am Land op sech opmierksam gemaach huet.
Den Adler an den Ney hunn déi lëscht Saison zu Amnéville a Frankräich gespillt.
Bonne chance à la Jeunesse et ... #allezmaer