DEN OWEND GEINT PEITENG

Foto vun Serge Waldbillig / Tageblatt



16 May 2021

Den Owend um 18h00 spillt eis Equipe op der Grenz géint d‘Union Titus Péiteng. Bei dësem Match sinn wéinst der aktueller, sanitärer Situatioun just 150 Zuschauer erlaabt. Dowéinst kréien och nëmmen déi Leit, déi eng Äntwert op hir Mail kruuten, Zoutrëtt zum Terrain. Et ginn keng Keesen op fir de Public, an der Kees rue des Sports kënnen just déi reservéiert Plaatzen oofgeholl ginn.
Weider gëllen folgend Reegelen:
- Den Mask muss ëmmer an iwwerall um Terrain gedroen ginn
- Den Abstand vun 2 Meter ass strikt anzehalen
- All Zuschauer muss sëtzen
- D’Buvetten sinn zou
D‘Entrée rue Renaudin ass zou.