DIFFUSIOUNSZÄITEN VU JEUNESSE TV AM FEBRUAR


16 February 2016

Fir d'Zäit bis den Optakt vun der Réckronn ze verkierzen, kennt en Dënschdeg um "dok - den oppene Kanal" nach déi nei Emissioun vu JEUNESSE TV. An dëser Emissioun gesitt dir den zweeten Deel vun der Table Ronde, déi de Club ugangs Januar am Kichechef ob der Cap organiséiert hat. Invitéeë vum Moderator Laurent Schüssler waren de Sportminister Romain Schneider, de Paul Philipp, President vun der FLF, de Jean-Louis Margue, Vizepresident vum COSL an de Jean Cazzaro, President vun der Jeunesse.



DIFFUSIONSZÄITEN:

- Dënschdeg, 16. Februar: 19.30 an 23.05 Auer

- Mëttwoch, 17. Februar: 17.00 Auer

- Donneschden, 18. Februar: 19.30 an 23.05 Auer

- Freideg, 19. Februar: 17.30 an 20.00 Auer

- Samschdeg, 20. Februar: 17.20, 20.05 an 23.15 Auer.