DOHEEM ENG MUECHT


19 February 2023

Mär gewannen och den 2. Match am Joer 2023 a klappe Rouspert virun iwwer 700 Zuschauer verdéngt mat 2-0. No enger 1. Hallschent, déi virun allem vun der Taktik gezeechent woar, ass et mat engem 0-0 an d'Paus gaangen.

Rouspert hat no der Paus no engem Feeler vun eis am Opbauspill eng gutt Chance an huet just de Potto getraff, mee kuerz drop huet den Adrien Kack no engem Corner - wéi géint Käerjéng - fir eis Foarwe getraff an eis no 56 Minutte mat 1-0 vir bruecht. Knapp 10 Minutten drop huet den Alexandre Arenate iwwert de Keeper vu Rouspert op 2-0 erhéicht. Weider héichprozenteg Goalchancen hu mär leider net genotzt.

Ons Equip: Sommer, Lapierre, Dervisevic (52. Boury), Kack, Todorovic, Besch (88. Duriatti), Latic, Larrière, Soares, Mogni (73. Seck), Arenate

Nach op der Bänk sutzen Silvestre a Bernard

Giel Koarte géint ons Equip: d'Bänk an de Soares

Elo kommen zwee Auswärtsmatcher noeneen: Nächste Sonndeg gëtt um 18 Auer zu Wolz gespillt a Samschdeg drop um 18 Auer zu Monnerech.

#allezmaer