E BLÉCK AN D'VERGAANGENHEET


21 October 2015

Am Kader vum Championnatsmatch géint Wolz hat de Comité vun der Jeunesse d'Memberen vun där Equipe, déi 1975 an der Coupe d'Europe des Clubs Champions géint Bayern München gespillt huet, agelueden. Den Allermatch ass deemools virun iwwer 20.000 Zuschauer am Stadion ob der Areler Strooss mat 0:5 verluer gaangen. De Retour ass am Olympiastadion vu München gespillt ginn. Beim 1:3 hat den André Zwally den Éiregoal geschoss.