E GOAL VUM KEN ASS NET DUERGAANGEN


05 March 2016

D'Jeunesse verléiert am Spëtzematch vum 16. Spilldag mat 1-2 doheem géint den Tabelleleader F91 Diddeléng. D'Gäscht ware besser an de Match erakomm an haten och déi éischt Chancen. Géint eng defensiv gutt forméiert Jeunesse-Equipe huet e Mouvement iwwer Malget an Ibrahimovic no knapp 20 Minutten zum 1-0 gefouert. No dem Réckstand ass eis Equipe besser an de Match komm an hätt scho kennen virun der Paus den 1-1 schéissen. Allerdings hätt Diddeléng zu deem Zäitpunkt och scho kennen mat 2-0 vir sinn. No der Paus huet et ronn 10 Minutte gedauert, ier de Ken Corral deen zu deem Zäitpunkt verdéngte Goal zum 1-1 geschoss huet. Virun e bësse méi wei 1.000 Zuschauer ass et dunn hinn an hier gaangen. De Goal ass allerdings fir den F91 gefall. E Corner ass schlecht degagéiert ginn an dovunner huet de Pedro profitéiert, fir zum 2-1 fir Diddeléng eranzesetzen.



E grousse MERCI der Madame Nancy KEMP-ARENDT, déi de Ball fir dëse Match gestëft huet.