E GUDDEN OPTAKT


12 February 2023

Zum Ufank vun der Réckronn gewanne mär um Sonndegmëtteg viru ronn 650 Zuschauer mat 4-1 zu Bascharage géint d'UN Käerjéng. Eng verdéngte Victoire. Eisen neie Spiller, den Arenate, huet eis Foarwe frei am Match 1-0 vir bruecht. Duerch en „Doppelschlag“ kuerz no der hallwer Stonn duerch de Kack an den Arenate nach emol stoung et zur Paus 3-0 an et war eng Virentscheedung gefall.
Nom Säitewiessel hu mär probéiert op Konter hinn e 4. Goal ze schéissen, wat eis duerch de Lapierre no 76 Minutte gelongen ass. Virdrun hate mär schonn déi eng oder aner Chance, fir de Match méi frei definitiv ze entscheeden. Den 1-4 duerch Käerjéng 10 Minutten zum Schluss koum ze spéit fir si.
Eis Equipe: Silvestre, Lapierre, Dervisevic, Kack, Todorovic, Besch, Latic, Larrière, Soares (79. Duriatti), Mogni (88. Seck), Arenate (74. Bernard)
Nach op der Bänk soutzen: Halilovic a Meireles. Giel Koarten hunn den Dervisevic an de Latic krut.
An der Tabell si mär erëm op Plaz 6, dëst mat. 22 Punkten.
Den 1. Heemmatch an der Réckronn ass nächste Sonndeg um 16 Auer géint Rouspert.
#allezmaer