E MATCH TËSCHENT DEN ELTEREN, TATTAEN, MONNIEN BEI DE 24 STONNEN


12 April 2017

Am Kader vun de 24 Stonne Fussball de 17. an 18. Juni 2017 um Trainingskomplex an der Hiehl ass e Samschdeg um 19.40 Auer e Match tëschent ënnert de Familljememberen vun eise jonke Spiller. All Mamm, Papp, Monni, Tatta oder wéi och ëmmer ass also häerzlech invitéiert fir matzekicken. De Spaass gëtt bei dësem Match grouss geschriwwen an net alles sou eescht geholl. Ween sech aschreiwe well kann dat iwwer e private Message hei maachen. No der Ouschtervakanz gëtt awer och nach eng Lëscht um Komplex an der Hiehl ausgehaangen. Mir hoffen dass der zu vill matmaacht :)



UN MATCH DES PARENTS

Un match "fun" opposant les parents, oncles, tantes etc. de nos jeunes joueurs est prévu dans le cadre des 24 heures de football au complexe d'entraînement. Ce match aura lieu le samedi à 19.40 heures. Les inscriptions sont possibles par un message privé sur ce site. Il sera également possible de s'inscrire au terrain d'entraînement mais seulement après les vacances de Pâques. Nous sommes ravis de vous y rencontrer.



#allezmaer