E MËTTWOCH GËTT RËM GESPILLT / AFTERWORK


25 March 2023

Dëse Weekend ass wéinst dem Lännermatch an der BGL Ligue kee Championnat. Den 22. Spilldag gëtt awer schonn e Mëttwoch, den 29. Mäerz nogeholl. Owes um 8 Auer ass dann de Racing aus der Stad bei eis op Besuch.

Fir jidderengem, dee Mëttes nach zu Esch schaffe muss, entgéintzekommen, ginn d'Dieren op der Grenz deen Dag schonn um 18 Auer op. Mär invitéieren an d'Verlängerung op en Afterwork! Tëschent 18 an 19 Auer ass eng Happy Hour an den Entrée op den Terrain gratis.

Bis e Mëttwoch!

#allezmaer