E SONNDEG OP DÉIFFERDENG


29 April 2023

Um 27. Spilldag steet fir eis schonn de leschten Auswäertsmatch vun dëser Saison um Programm. E Sonndeg triede mär um 16 Auer bei deene formstoarken Déifferdenger un, déi sech e Mëttwoch an der Coupe de Luxembourg mat 3-2 géint Nidderkuer duerchgesat hunn an déi och am Championnat déi 3 lescht Matcher gewanne konnten. Fir eisen Trainer de Pedro Resende ass dëst e ganz spezielle Match, hat hien d'Saison dach zu Déifferdeng ugefaangen.

Déifferdeng léit aktuell an der Tabell op Plaz 6 mat 39 Punkten an domadder just 1 Plaz an 3 Punkte virun eis. Allerdéngs si mär och just 1 Punkt vun der 10. Plaz ewech. Et ass also ganz enk.

Mär mussen e Sonndeg leider op e puer Spiller verzichten, déi gespaart oder ugeschloe sinn. Wa mär awer un d'Leeschtung aus der 1. Hallschent aus dem Derby uknäppen, dann ass och zu Déifferdeng eppes ze huelen.

#allezmaer

P.S.: Aus technesche Grënn ass et eis dës Kéier net méiglech, eis üblecht Virschaubild ze bréngen. Dës Foto ass vum Albert Krier.