E SONNDEG OP WOLZ


25 February 2023

Am éischte vun zwee Auswäertsmatcher geet et moar Sonndeg op Wolz. Bei dësem wäitsten Deplacement an der Saison probéiere mär natierlech fir eis Serie vu Victoiren auszebauen. Ma Wolz ass en Terrain wou mär eis nach ëmmer schwéier gedoen hunn.

Den FC Wolz 71 huet an der Réckronn nach kee Goal geschoss krut an huet lëschte Weekend däitlech zu Monnerech mat 3-0 gewinnen. Dat seet genuch wéi schwéier d'Aufgab ass. Wolz ass aktuell an der Tabell op Plaz 10 mat 19 Punkten.

Arbitter ass den Här Laurent Wilmes, dee vun Här Claude Ries an der Madamm Shania Vakil assistéiert gëtt. Ugepaff gëtt um 16 Auer.

Och wann et wäit ass fir op Wolz, sou wier d'Equipe awer frou iwwert eng méiglechst grouss Ënnerstëtzung vun hire Supporter.

#allezmaer