E SONNDEG UM 4 AUER


03 December 2022

Fir den zweetleschte Match virun der Wanterpaus spille mär e Sonndeg um 16 Auer (!) bei der US Mondorf. Et gëtt e ganz schwéiere Match, well Munneref spillt e gudde Championnat a léit am Moment op der 8. Plaz an der Tabelle mat 16 Punkten, dat sinn der just 3 manner wéi mär der hunn.
Opgepasst heescht et och well mär bis elo auswäerts manner gutt Resultater hunn wéi doheem; vun de 5 Victoirë bis elo hu mär just eng op friemen Terrain gepackt.
Mee wann d'Equipe de Match motivéiert a konzentréiert ugeet, ass et awer méiglech, dass eis Serie am Championnat vu 5 Matcher ouni Defaite kann ausgebaut ginn. Mär hu Vertrauen a si! A mam Support vun eise Fans ass alles méiglech - och auswäerts.
Dofir: Mär gesinn eis e Sonndeg!