E VOLLE PROGRAMM


19 May 2023

Fir de lëschten Heemmatch vun der Saison 2022/2023 gëtt e Sonndeg op der Grenz méi gebuede wéi just e Futtballmatch vun der BGL Ligue.

Dee flotten Dag, fir deen och dat gutt Wierder sech schonn ugemellt huet, geet um 12.30 Auer lass mat engem Paella-Iessen.

Géint 14.15 Auer spillen dann eis U9 de Virmatch um groussen Terrain op der Grenz. Dofir ass och jiddereen häerzlech agelueden. Gläichzäiteg verkafe mer dann och eng Tombola an der Verlängerung.

Géint 15.15 geet d'Waarmmaache vun eiser Jeunesse an dem F91 un.

An der Paus vum Championnatsmatch éiert d'Jeunesse de Basket Esch an den Handball Esch fir hir respektiv Championstitelen.

An nom Match geet dann de Season Closing virun der Verlängerung un, wou mär ënnert anerem, mee net just, e Bléck zeréck op d'Saison werfen.

Mär freeën eis op äre Besuch e Sonndeg.

#allezmaer