EEN GROUSSEN MERCI


29 July 2021

Op dësem Wee wëllen mär, d‘Famill vum René Pascucci, Ärch all Merci soen. Mär woaren esou iwwerwältegt vu Gefiller wéi mär déi super Foto op dem neien Jeunesse-Bus gesinn hunn.
 
Et ass bal net mat Wieder auszedrécken waat fir wonnerschéin Erënnerungen do erëm opkomm sinn. Et ass esou schéin ze gesinn, dass mäin Papp net vergiess ass.
 
Et ass eng immens grouss Éier dass Där dës Foto erausgesicht hutt. Wann hien daat nach erlieft hätt, hien wär esou houfreg gewiergt dass hien op SENGER Jeunesse hirem Bus drop ass. An mär sinn et och all!
 
Säin Häerz huet e Liewe laang fir SENG Jeunesse geschloen, hien woar, esou laang seng Gesondheet et him erlaabt huet, op all Match derbäi an huet matgeféiwert. Ech selwer kann mech un vill schéin Momenter op den Gradins vun der Grenz erënneren. Meng Mamm huet hien nach als Spiller erlieft a vill Championstitelen a Coupegewënner matgefeiert, ech hunn hien méi als Trainer erlieft. Seng 2 Enkelen an mäin Mann sinn och oft mat him op d‘Grenz Matcher kucken gaangen. Mäi Papp huet ëmmer versicht mat jidderengem fair ze sinn an ze hëllefen. Dat huet sech an sengem Sportsliewen an a sengem privaten Liewen erëmgespigelt.
 
Ärch all nach eng Kéier en groussen Merci fir des Éier!
 
Mär sinn an mär bleiwen schwaarz-wäiss an den Häerzer!
 
#allezmaer
 
Puppa Pascucci, Diane, Marino, Christophe an Kevin Fumanti-Pascucci
 
MERCI FIR DËS LÉIF WIËDER!
 
René Pascucci, forever a legend!