EIS SERIE RÄISST


05 December 2022

Um 14. Spilldag räisst eis Serie vu 5. Matcher ouni Defaite am Championnat duerch en 1-3 bei der US Mondorf. Munneref hat am Géigesaz zu eis direkt an de Match fonnt an huet frei den 1-0 geschoss. Fir eis Foarwen war et e gebrauchten Dag a vill ze vill individuell Feeler hunn den Haushären ëmmer erëm Goalchancen erméiglecht. Och hu mär kee Géigemëttel géint deenen hier engagéiert Spillweis fonnt. Wou mär kuerz virun der Paus duerch de Seck no engem Fräistouss vum Larrière den 1-1 geschoss haten, konnt een op eng besser 2. Hallschent hoffen, mee dat ass net agetrueden. Offensiv ware mär kaum mat an de Géigner huet erëm e séiere Goal nom Wiessel an een drëtten an der Nospillzäit geschoss a gewënnt de Match esou verdéngt.

Eis Equip zu Munneref: Sommer, Boury, Kack, Bertoux, Besch, Todorovic, Deidda (60. Bernard), Soares, De Taddeo (82. Klica), Larrière (84. Duriatti), Seck

Nach op der Bänk soutzen Silvestre a Lapierre

An der Tabelle bléiwe mär weiderhin op der 6. Plaz, punktgläich mat Munneref.

Zum Ofschloss vun der Hironn spille mär nächste Samschdeg um Holleschbierg géint den FC Swift. Den Upaff ass schon um 16 Auer an net um 18 Auer wéi een Ament ugekënnegt.

#allezmaer