EIS WEEËR TRENNE SECH


02 May 2023

D'AS La Jeunesse d'Esch deelt mat, dass de Veräin an den Trainer Pedro Resende hier Zesummenoarbecht net iwwert dës Saison eraus wäerte fortsetzen.

Mär soen dem Pedro Resende Merci fir alles, wat hien dës Saison mat der Equipe geleescht huet, a wënschen him „Bonne Chance“ fir d'Zukunft. An de leschten dräi Matcher soll nach eng Kéier zesummen de Maximum erausgeholl ginn. 

De Pedro Resende hat Enn November déi 1. Equipe iwwerholl, nodeems virdrun de Jacques Muller wärend 4 Matcher den Interim gemaach hat.

D'AS La Jeunesse d'Esch wäert „le moment venu“ den Numm vum neie Mann op der Trainerbänk bekannt ginn.

D'Foto ass vum Albert Krier.

#allezmaer