EN NOMËTTEG FIR ZE VERGIESSEN


26 February 2023

Mär sinn um Sonndegmëtten net fir eng gutt Leeschtung zu Wolz belount ginn a verléieren net nëmmen de Match, mee och nach zwee vun eise beschte Spiller. Bref, e schwoarze Sonndeg.

Dobäi ware mär gutt an de Match komm mee hate schonn no 23 Minutten zweemol op Blessure hin mussen auswiesselen. Deen Ament louche mär schonn 0-1 hannen. Kuerz virun der Paus ass dunn och nach deen zu dem Zäitpunkt onverdéngten 0-2 gefall. Virdrun hate mär just d'Lat getraff.

D'Jongen hunn awer Moral gewisen an no der Paus duerch zwee Goaler vum Ahmed Mogni op 2-2 a manner wéi 10 Minutten erukomm. Et ware seng éischt Goaler fir eis Foarwen. Du sinn nach ronn 20 Minutten ze spille bliwwen. Mee trotz Ënnerzuel huet Wolz nach den 3-2 geschoss. Dobäi ass et bliwwen.

Merci eise Supporter fir hiren hoarde Support.

Den nächste Samschdeg geet et scho weider mam nächsten Auswäertsmatch. Zu Monnerech gëtt um 18 Auer ugepaff. Dann hu mär d'Chance hoffentlech emol op eiser Säit.

Mär hu gespillt mat: Sommer, Lapierre, Dervisevic, Kack (15. Boury), Todorovic, Besch (61. Seck), Latic, Larrière (23. Klica), Soares, Mogni, Arenate

Nach op der Bänk sutze Silvestre an Deidda.

Giel Koarte géint eis: Klica, Dervisevic