EN OFSCHLOSS AN ÉIEREN / VERKÉIERSINFO


20 May 2023

Um leschte Spilldag vun dëser Saison kënnt den F91 Diddeleng bei eis op d'Grenz gereest. Bei eis ass nach déi kloer 0-5 Defaite aus dem Allersmatch am Hannerkapp, fir déi et Revanche ze huele gëllt. Diddeleng op Platz 3 vun der Tabell ka sech sengersäits nach déi zweet Plat vun Nidderkuer zeréckhuelen. Dofir brauch den F91 awer onbedéngt eng Victoire géint eis. Fir Spannung ass also gesuergt! Upass ass e Sonndeg um 16 Auer. An vum Enn vum Match sidd dir all op eisen 1. Season Closing um Terrain agelueden.
De Match gëtt arbitréiert vum Trio Gilles Becker, Melanie Malena an Armin Kehonjic.
En Trio huet och de Ball vum Match gestëft: den Escher Schäffe Christian Weis, den Deputéierte Marc Spautz a last but not least eise fréiere Spiller Dan Collette, deen och wäert um Match sinn. Hinnen dräi e grousse Merci!
OPPASSEN: Wéinst der leschter Etappe vun der Flèche du Sud sinn net all d'Stroossen an Esch op. Iwwert de Boulevard Kennedy kommt där net op den Terrain; där musst vun der anerer Säit an Esch erakommen iwwert d'Rond-Pointen „An der Schmelz“ (rue du 1er Mai) an „Um Daich“ (Boulevard Prince Henri).
Mär freeën eis trotzdeem op äre Besuch. An nom Season Closing si souwisou erëm all Stroossen op </div>       <div class=

,