EN TEST FIR D'SPILLPRAXIS


17 May 2023

4 Deeg virum lëschte Championnatsmatch doheem géint den F91 Diddeleng spille mär dëse Mëttwoch, 17. Mee, ab 20 Auer op der Grenz en Testmatch géint d'Una Stroossen, wou virun allem déi Spiller sollen zum Asaz kommen, déi bis elo net vill ze spille kruten.
Zuschauer si wëllkomm.
MEE PASST OP! E Mëttwoch ass och de Prolog vun der Flèche du Sud an de Stroosse vun Esch. Renseignéiert iech um Site fleche-du-sud.lu iwwert d'Restriktiounen am Stroosseverkéier fir op den Terrain ze kommen.
Foto: Albert Krier
#allezmaer