ENG GROUSS ERAUSFUERDERUNG


11 March 2023

Um 20. Spilldag gesi mär Sonndeg op der Grenz eisen Trainer vum lëschte Joer, de Jeff Strasser, a säin Assistent Christian Joachim zeréck. Mat 41 Punkte léit „hire“ Progrès Nidderkuer op der 3. Plaz an der Tabell mat 41 Punkten. An der Course em Europa däerfen si kéng Punkten hänke loossen an hunn deementspriechend Drock géint eis.

Fir eis ass et an der Réckronn den 1. Match géint eng Equipe, déi virun eis an der Tabell léit an e richteg schwéieren Test. Et gëllt un déi gutt Usätz aus den éischte Matcher unzeknäppen an da si mär och géint Nidderkuer net ouni Chancen. A mat der Ënnerstëtzung vun eisem 12. Mann an den Tribünen ass villes méiglech. Upaff ass um 16 Auer.

De Ball vum Match gëtt gestëft vun der Fangruppéierung „E Liewe laang schwoarz-wäiss“ an eisem Präsident Marc Theisen. Hinnen e grousse Merci.

Arbitter um Sonndeg ass den Här Gilles Becker, dee vun den Hären Tom Hansen an Armin Kehonjic assistéiert gëtt.

Déi néi amenagéiert Gradins gi virum Escher Derby ageweit; esou laang ass just déi iewescht Entrée op (Rue des Sports).

#allezmaer