ENG ONGLÉCKLECH DÉFAITE


12 March 2023

Duerch e Goal op 11 m hin no 70 m verléiere mär doheem géint Nidderkuer mat 0-1. An engem vun der Taktik gezeechente Match hunn déi 787 Zuschauer ganz wéineg Goalchance gesinn; allerdéngs war de Gros dovunner fir den FC Progrès. Mär hunn erréischt nom Géigegoal eis e bësse méi no vir getraut. Den David Soares hat mat engem Fräistouss an der 81. déi villäicht beschte Chance fir eis Foarwen.

Et war och den David Soares, dee virdrun no engem Gewulls am eegene Strofraum vun no ugeschoss gi war. Nodeem den Arbitter fir d'éischt net gepaff huet, huet en 3 Sekonne méi spéit awer op 11 m entscheet. De Kevin Sommer war zwar am richtegen Eck, konnt de Ball awer net ofwieren.

An der Tabell hu mär domadder eng Plaz verluer a sinn elo déi 7., virun Déifferdeng an hannert Mondorf.

Mär hu gespillt mat: Sommer, Lapierre, Dervisevic (86. Duriatti), Todorovic, Boury, Klica, Latic (73. De Taddeo), Soares, Arenate, Seck (79. Deruffe), Mogni

Wat d'Giel Koarte betrëfft, sou ass den David Soares och nach mat enger Verwarnung bestrooft ginn, nodeem en ugeschoss gi war.

Nächste Sonndeg spille mär e ganz wichtege Match zu Hueschtert. D'Equip hofft op är Ënnerstëtzung.

#allezmaer