ENG VICTOIRE ZUM OFSCHLOSS


22 May 2023

Um 30. a leschte Spilldag gewanne mär e relativ ausgeglachene Match, bei dem d'Emotiounen e puer Mol héich gekacht hunn, mat 4-2 géint den F91 Diddeléng. An der Paus war et 3-1.
De Mogni hat eis no 27 Minutte vir bruecht. Kuerz virun der Paus ass et du geckech ginn: den Deruffe mam 2-0, just 1 Minutt drop den Hadji mam Uschlossgoal a rem 1 Minutt drop setzt den Arenate d'Resultat op 3-1.
No der Paus huet den Hadji direkt den 2-3 geschoss. D'Jeunesse huet sech duerno méi op d'Kontere verluecht. Ma erréischt an der Nospillzäit fällt de 4. Goal, duerch en direkte Fräistouss vum Deidda, dat no engem Feeler un him.
Mär hu gespillt mat Sommer, Mendes (59. Lapierre), Dervisevic, Todorovic, Meireles, Besch, Soares, Larrière (85. Deidda), Arenate, Deruffe (66. De Taddeo), Mogni.
Nach op der Bänk soutzen Silvestre a Klica.
Giel Koarten hu Soares a Mendes krut.
Am Laf vun der Woch wäerte mär hei op der Plaz de Bilan vun der Saison zéien.
#allezmaer