Eng weider Diskussiounsronn


22 December 2015

Nom grousse Succès vun der Table Ronde am läschte Januar, wou 4 Veräinspresidenten iwwert d'Erausfuerderungen un de Lëtzebuerger Fussball geschwat hunn, gëtt et 2016 eng weider Diskussiounsronn. Dës Kéier mat Romain Schneider, Paul Philipp, Jean-Louis Margue an eisem President Jean Cazzaro. Thema: "De Lëtzebuerger Fussball zwëschen Amateurismus a Professionalitéit".



Dir sidd all häerzlech invitéiert. Ufank ass um 15 Auer am "Kichechef" ob der Cap.



Mir freeën eis iech do begréissen ze kennen.