ENTTÄUSCHEND LEESCHTUNG ZU RËMELENG


05 March 2017

Et ass näischt gi mam drëtte Succès noeneen fir d'Jeunesse. Zu Rëmeleng gëtt et eng Defaite mat 2-3. Dobäi war d'Jeunesse zweemol vir an hat 2 100% Chancen fir op 2-0 resp. 3-1 ze setzen, mee huet déi verginn. Och stoung d'Lat emol am Wee. Rëmeleng huet ni opginn, huet gekämpft an hat och e bësse Chance: Nom 1-0 duerch de Stumpf huet en ofgefälschte Fräistouss den 1-1 bruecht. Nom 2-1 fir d'Jeunesse op e Selbstgol hin war et fir d éischt e Mëssverständnes tëschent Pinna an Oberweis, wat et den Haushären erlaabt huet op 2-2 ze setzen. An der Schlussphase ass du Rëmeleng den entscheedenden Goal gelongen.