EQUIPEVIRSTELLUNG DEN 2. JULI


06 June 2016

En Datum fir sech elo schonn an den Agenda ze schreiwen ass e Samschdeg, den 2. Juli, wann um 16 Auer an der Mall vun der "Belle Etoile" zu Bartreng ob der Areler Strooss d'Equipe fir déi kommend Saison ëffentlech virgestallt gëtt (direkt nierwt dem C&A). Dernieft steet och nach déi eng oder aner interessanter Nouvelle um Programm. An um Enn invitéiert iech d'Jeunesse mat hirem Partner ob de Pot de l'Amitié. Jiddereen ass häerzlech wëllkomm!